An Zäiten, an deene Ressourcë méi knapp ginn an d’Mënsche maassgeeblech zur Ofnotzung vun der Ëmwelt bäidroen, an deenen ëmmer méi Offall produzéiert gëtt an enorm zu enger weiderer Belaaschtung vun der Ëmwelt bäidréit, ass et ëmsou méi wichteg, datt Offäll uerdnungsgeméiss entsuergt ginn. Fir datt d’Grondwaasser net nach zousätzlech belaascht gëtt. Fir datt eis Ressourcë geschützt ginn.

A genee dorëm geet et eis vun Entversalux. Mir wëllen eis Ëmwelt schützen, mir wëllen eise klengen Deel dozou bäidroen, datt och zukünfteg Generatiounen nach gutt op eiser Äerd liewe kënnen. Dowéinst behandele mir all eis uvertraut Offäll mat gréisstméiglecher Suergfalt an halen eis un d’gesetzlech Bestëmmungen.

Mir sinn eis der Verantwortung géintiwwer der Natur bewosst a verstinn eis dowéinst als Äre Partner fir rechtskonform an ëmweltgerecht Déngschtleeschtunge ronderëm d’Theemaen Offallverwäertung a Gewässerschutz.

Publish the Menu module to "offcanvas" position. Here you can publish other modules as well.
Learn More.