D’Theema Offallentsuergung a ‑verwäertung ass enorm komplex a setzt e groussen Erfarungsschatz an e fundéierten Know-how viraus. Chimie, Technik, Ëmweltschutz, gesetzlech Bestëmmungen – all dës Beräicher spillen eng Roll a musse berücksichtegt ginn. Dowéinst gräife mir ausschliisslech op qualifizéiert Fachpersonal zeréck, dat weess, wat et mécht a wourop et ukënnt.
Dozou gehéiere beispillsweis och d’Proufentnam an Uleenung u LAGA PN 98 an d’Organisatioun vun enger offallrechtlecher Analytik. Och wann et dorëm geet, Iech Hëllefstellung bei der Astufung an der Deklaratioun vun Ären Offäll ze ginn, si mir Äre kompetenten Uspriechpartner.
Eise Déngschtleeschtungsspektrum am Beräich vun der Offallentsuergung geet wäit iwwer d’Entsuergen eraus. Mir bidden Iech ausserdeem eng Analys vun Ären Offäll, erstellen Iech eng vollstänneg Notifizéierung.
Analys
Zertifizéiert Proufentnamen
Fir Är Offäll op méiglech Schuedstoffer ze préiwen, erstelle mir Analysë vun de vun eis geholle Prouwen.
Berodung vun der Offallastufung
Am Uschloss dorun hëllefe mir Iech bei der Astufung a Bewäertung vun Ären Offäll.
Serviceleeschtungen
Demande vun Notifizéierungsverfaren
Fir datt Är Offallentsuergung reiwungslos funktionéiert, këmmere mir eis ëm d’Ofwécklung vun Ärem Entsuergungsnoweis.
Ofscheedanlageplanifikatioun
Esouwuel beim Ëmbau ewéi och beim Neibau sti mir Iech vun der Iddi bis zur Ëmsetzung mat eiser Expertis zur Säit. De Spektrum reecht vun enger Ausschreiwungsberodung iwwer d’Bauplanifikatioun an ‑iwwerwaachung bis hin zur finaler Receptioun.
Schoulung
Berodung a Schoulung vun Ärem Personal
Déi fachgerecht Entsuergung vun Offäll ass e komplext Theema, bei deem villes berücksichtegt muss ginn. Fir datt dat funktionéiert, schoule mir Är Mataarbechter.
Dir sicht no individuelle Léisungen?
Mir beroden Iech ëmfaassend an erstelle mat Iech gemeinsam e Konzept, schoulen Är Mataarbechter oder plangen Är nei Ofscheedanlag.
Elo Kontakt ophuelen